Vizfest vum HC Bierchem
Vum 8. bis den 9. Oktober huet den Handball Club Bierchem erëm säin traditionellt Vizfest organiséiert. De ganze Weekend, an och schonns déi Deeg virdrun, huet sech am Veräin alles ronderëm den Apel gedréint.
Esou ass wärend 2 Deeg frëschen an agekachte Viz virum Gebai vun der SMA zu Léiweng an am Cactus zu Beetebuerg verkaaft ginn. Ronn 4,2 Tonnen Äppel sinn dëst Joer wärend dem Vizfest verschafft ginn.
Samschdes stoung den Dier zu Dier Verkaf um Programm. Eng etlech Kilometer si mir mam ënner anerem Trakter duerch de ganze Réiserbann gefuer. Ons Jugendspiller hu kräfteg mat ugepaakt beim Verkaf. Sie hunn hannen um Won Plaz geholl a ware ganz frou iwwert de grousse Succès den si mam Viz bei de Leit haten.
Den tradionelle Mëttesdësch um Sonndeg hu mir och dëst Joer leider nach emol wéinst dem Coronavirus missen ofsoen. Mir fréen eis awer schonns drop fir d’nächst Joer erëm kënnen fir all eis Frënn a Supporter ze kachen.
Den HC Bierchem wëllt op dësem Wee jidderengem Villmools Merci soen deen eis mam Kaf vu Viz ënnerstëtzt huet.

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü