U10 Turnéier bei eis doheem

Leschten Weekend huet en U10 Turnéier zu Krautem an der Hall stattfonnt. Hei waren Museldall mat enger Equipe, Beetebuerg a Schëffleng mat 2, Red Boys mat 3 a Bierchem mat 4 Equippen am Asaz.

img_3784
img_3582
img_4021

Leider hat awer just Red Boys eng Avancé-Equipe, sou dass d’Traineren decidéiert hunn, dass déi zwou Equippen just deen éischte Match géintenee spillen a mir duerno d’Kanner mat de Spiller vun den Intermediaire-Equippen mëschen. Bei deenen 4 Debutant-Equippen konnten déi méi jonk Spiller hir éischt Erfahrungen an engem Handballmatch sammelen.

Op 3 verschidden Terrainen sinn am ganzen 40 Matcher vu 6 Minutten gespillt ginn. Déi 23 Bierchemer Spiller hunn sech gutt dru ginn an hunn villes ëmgesat wat si op deene leschten Trainingen geléiert hunn.

img_3403
img_3685

Mir freeën eis elo schonn op dat nächst Turnéier dat den 27. November stattfënnt.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü