Reckbleck Saison 17-18
U12
Eise Jonge vun den U12 ass dëst Saison den ultimativen Erfolleg gelongen. Si hunn direkt vum Saisonufank dominéiert an hunn sech d’Kroun am Championnat a an der Coupe opgesat.

D’Jonge vum Trainerteam Guddi Kaysen a Luc Pesch hunn vum September bis Dezember op Tournoi’en gespillt fir sech Niveausmäseg ze klasséieren. Do huet ma schonns gesinn dass dei Jonge ganz staark sinn an hire Géigner iwwerleeë sinn.

Dat ganzt huet sech da vum Januar bis Mee fortgesetzt an am Enn sinn si mam Doublé fir hire gutt Aarbecht déi ganz Saison iwwer belount ginn!

U21
D’Spiller vun eisen Espoiren hunn keng einfach Saison hannert sech bruecht. An awer hunn se allen Ëmstänn getrotzt an sech am Enn duerchgesat am Championnat an och an der Coupe.

Den Trainer Marko Stupar huet vu September un ni komplett mat senger Equipe trainéieren an deelweis och spille kenne well vill Spiller bei den Hären 1 an Hären 2 och mat am Kader waren an do vill Asaz haten.

Vun September – Februar hunn d’Espoiren an enger neier Formule mat den Härenequipe aus der 2. Liga zesumme gespillt an hunn sech do Plaz 1 geséchert an hirer Grupp. Dann ass vum Mäerz bis Mee de Championnat vun den Espoire lass gaangen an no 10 Matcher hunn si mam Championstitel opgehalen. Nom Coupe-Gewënn am Februar war erëm wei an der leschter Saison den Doublé am Réiserbann.

Hären 2
Eisen Hären 2 hunn eng groussen Umbruch dëst Saison vollzéie mussen. Vill Spiller hunn opgehalen, nei Spiller sinn dobäi komm a mam Marcel Barthels ass och een neien alen Trainer zum HC Berchem zréck komm.

Och hei huet den Trainer Schwieregkeete gehat an den Trainingen an de Matcher mat der kompletter Equipe schaffen ze kennen aus studiums- an Aarbechtsbedéngte Grënn.

An der éischter Ronn vum September – Februar (mat den Espoirsequippen zesummen) konnten si sech op eng 7. Plaz kämpfen. An der Coupe sinn se leider an der Halleffinall erausgeflunn.

Vum Mäerz bis Mee am Championnat sinn si och op der 7. Plaz gelant.

Hären 1
Eis Team vun der éischter Equipe huet eng flott Saison gespillt mat der Kréinung vum Coupegewënn.

Am Championnat waren d’Spiller vum Trainer Andre Gulbicki vum Start un am September ganz vir mat dobäi a konnten sech op déi 3 Plaz kämpfe punktgläich mat Plaz 2.

An och am Playoff vu Mäerz bis Mee hunn si all Problemer getrotzt (Blessurë vu Spiller, berufsbedingt feele vu Spiller, etc) a bis zum leschte Spilldag d’Chance op de Championstitel oprecht gehalen. Leider ass et dann net duer gaangen an si hunn d’Saison op engem 4. Plaz ofgeschloss.

An och international hunn si eng gutt Roll gespillt. Am Challenge Cup sinn si fir d’éischt kéier an der Veräinsgeschicht an d’Véierelsfinall agezunn. An der éischter Ronn ass d’Equipe aus Samot a an der zweeter Ronn d’Equipe aus Zaporoshye geschloe ginn. Eréischt géint d’Equipe aus Athen déi och an der Finall steet hunn d’Jonge kloer verluer.

U14
D’Equipe vum Dejan Zivanic huet den 2. Highlight an dëser Saison (no der Coupefinall) nach virun sech. Am éischte Juni-Weekend gëtt an enger neier Formule (Final4) de Champion ausgespillt. Si treffen an der Halleffinall op d’Fusioun vu Scheffleng/Bettembourg.

D’Jongen hunn hiren éischten Tour vu September – Februar op dem 2. Plaz ofgeschloss an och an der Titelgrupp den 2. Plaz geholl. Am leschte Spilldag ass et hinnen endlech gelongen de grousse Favorit ze schloen. An domadder hunn se sech fir de Final4 qualifizéiert. Beim Final4 fir de Champion hunn si sech dann eréischt an der Final dem Favorit HB Diddeleng geschloen ginn missten an hunn sech den Titel Vize-Champion geholl!

An der Coupe waren si och an der Finall awer hunn do knapps verluer leider.

U17
De grousse Favorit an hirer Alterskategorie huet sech bis elo keng Bless ginn an all hire Matcher dominéiert. Am Ufank vun der Saison bis zum Februar hunn si all Matcher op mannst mat 7 Goaler gewonn an esou Plaz 1 geséchert.

An dem Titelgrupp hunn si och 10 vun 10 Matcher kloer gewann an de Plaz 1 bestätegt. Trotz dass d’Jongen ni komplett ware well ëmmer den een oder aner Spiller ausgefall ass hunn si hiren éischten Ziel op hirem Wee zum verlustpunktfreien Doublé am Mäerz eréischt gehat. An der Coupefinall hunn si no zähem Match gewonn an den Titel an de Réiserbann geholl.

Beim Final4 fir de Champion konnten si sech no engem ganz schwéieren Halleffinall Match géint Diddeleng den ongeschloenen Championstitel sécheren mat enger Victoire an der Finall géint Red Boys. Domadder hunn si sech den Doublé geholl wei och déi lescht Saison.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü