Grenzlandpokal 2016 in Südbaden

De Weekend 22./23. Oktober huet dëst Turnéier fir d’Joergäng 2000 an Jünger an Däitschland zou Elgersweier an Zunsweier statt fonnt. Mat der Nationalequipe vun Lëtzebuerg, der Regionalauswahl vun Lothringen an den Landesauswahlen Südbaden, Mittelrhein, Saar an Rheinland-Pfalz hunn 6 Equippen um déi Coupe gekämpft.

Mam Raphael Guden, Loic Kaysen, Ben Jacoby, Wilson Ferreira, Nik Schneider an Ben Majerus waren 6 Spiller dobäi, déi eis Faarwen vertrieden hunn. D’Jongen hunn iwwer all hir Matcher eng klengen Zesummefaassung gemaach mat Fotoen souguer:

Südbaden 19-21 Lëtzeburg (8-11)
Mir hunn mega staark ugefaange well mir direkt weisen wollten, dass mer zu den Favoritten gehéieren. Sou waren mir dann och schnell 5 Goler vir. Dono sinn mir virun der Paus agebrach an kruten nach 2 Goler geschoss. Mais no der Paus hunn mer den Ecart erëm vergréissert an hunn zum Schluss net méi alles ginn an dofir hunn mir dann just op 2 Goler gewonnen.
Mittelrhein 19-18 Lëtzebuerg (8-11)
Mir hunn erëm staark ugefaangen. Mir waren aggressiv an der Defense an Mittelrhein hat richteg Schwieregkeeten domat. Si haten een Shooter, deen mer dann aus dem Spill eraus geholl hunn. An der 2. Halschent sinn dann technesch Fehler opgetrueden an eis Schëss sinn net méi eran gaange. Mittelrhein huet dat direkt bestrooft an huet dann zum Schluss, wann och onverdéngt, gewonnen.

20161022_152353_resized
20161023_162225_resized

Lëtzebuerg 20-17 Lothringen (12-8)

Mir wollten eisen Fehler aus dem Match virdrun erëm gutt maachen, wat zwar um Ufank net geklappt huet. Mir waren schnell 2-5 hannen. Mais mir hunn eis zréck gekämpft an hunn dann den Ecart gemaach, och duerch eng gutt Golkipperleeschtung.

20161022_153209_resized
20161023_144410_resized

Saarland 17-15 Lëtzebuerg (10-7)

Saarland hunn mer ënnerschat well se bis zu deem Zäitpunkt nach keen Match gewonnen haten. Mir woussten zwar, wann mer se an den Match kommen loossen, dass et schwéier géif ginn. Sou ass et dunn och komm an mir konnten eis ni richteg duerchsetzen an dunn huet Saar verdéngt gewonnen.

20161023_161717_resized
20161023_145218_resized

Lëtzebuerg 13-14 Rheinland-Pfalz (8-8)

Rheinland-Pfalz hat all Match zimlech kloer gewonnen an deementspriechend haten mer Respekt virun hinnen. Den Match war ganz enk, si hunn eis komplett ënnerschat. An der 16. Minutt sinn mer dunn verdéngt déi éischt Kéier an Féierung gaange. Eis huet een net ugemierkt, dass mer schonn 4 Matcher an den Been haten, mir hunn alles ginn. Eisen Golkipper war sensationell gutt, hien huet onméiglech Bäll gehale. An der 2. Halschent hunn Schiidsriichter dunn vill falsch Entscheedungen getraff an mir hunn eis Bäll net méi eran kritt. Trotz der Néierlag kennen mer stolz op eis sinn well all aner Ekipp huet mat 10 oder méi Goler géint se verluer.

img_0171

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü