Championnat Final4 vun eisen U14 an U17
De Weekend 02 + 03 Juni hunn eis u14 an u17 Jongen an engem Final4-Format de Champion vu Lëtzebuerg ausgespillt.
Eis u14 Jongen sinn no hirem 2. Plaz an der Grupp an der Halleffinall op Scheffleng/Bettembourg getraff. D’Jongen vum Trainer Dejan Zivanic hunn hir Favoritteroll an dësem Match bestätegt an sinn no enger 28:20 Victoire an d’Final agezunn. Do stoungen se dann dem grousse Favorit HB Diddeleng géigeniwwer. No hartem Kampf a vill Schweess hunn se sech am Schluss awer leider geschloen ginn mussen mat 21:27. Nichtsdestotrotz hunn all Spiller eng gutt a virbildlech Leeschtung gewisen an kennen Stolz op déi ganzt Saison sinn!

 

D’u17 Männer vum Björn Gerber hunn sech souverän den 1. Plaz geséchert gehat an den Playoffs a huet an hirer Halleffinall géint d’Lokalequipe HB Diddeleng spillen missten. No zähen 60 Minutten konnten sech déi Gréng-Wäissen mat 33:31 duerchsetzen an doduerch an d’Finall géint Red Boys vu Déifferdeng anzezéihen.

Hei hunn d’Jongen vun Ufank un konzentréiert gespillt, an der Defense haart geschafft a am Ugrëff ëmmer eng Solutioun fonnt. Iwwer 17:11 zur Paus, 25:15 (45. Minutt) ass et am Enn 33:27 ausgaangen an d’Spiller konnten d’Feierlechkeeten starten. Gratulatioun an d’Equipe déi zënter Februar net méi komplett zesummen war well ëmmer den een oder aneren Spiller blesséiert war an awer ni opginn huet!

U14:
Samschden 02.06. um 15H00 HC Berchem – Schëffleng/Bettembourg 28:20
Sonnden 03.06. um 16H45 HC Berchem – HB Dudelange 21:27
U17:
Samschden 02.06. um 18H20 HC Berchem – HB Dudelange 33:31
Sonnden 03.06. um 18H30 HC Berchem – Red Boys 33:27

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü