Doublé fir eis Espoiren

Eis Espoiren hunn sech no enger laanger an toller Saison déi duebelt Kroun opgesat. Duerch e bëssi Hëllef mat Spiller vun den Hären hunn se sech an den decisive Matcher kloer behaapte kennen.

D’Spiller vum Marko Stupar konnten an der Coupe géint Diekirch an der Final am Mäerz mat 36:28 den éischten Titel huelen.

Am Championnat hunn se an der Virronn fir d’éischt kéier an der Promotioun mat den Härenequippe matgespillt. Eréischt dono hunn d’Espoiren ënner sech de Championnat ermëttelt.

Leider waren et just 4 Equippen, esou dass jiddereen 3 mol géint aneneen gespillt huet. Den Haaptkonkurrent war Diddeleng an et waren 3 flott Matcher. Virum leeschte Spilldag hunn déi 2 Equippe jeeweils 1 Match ënner aneneen gewonnen. Dofir war alles prett fir de finale Showdown zu Diddeleng.

Eis Jongen hunn direkt am Ufank super an de Match fonnt a konnten sech ëmmer mei ofsetze während de 60 Minutten. Am Schluss stoung dann een 33:23 Victoire fest an et konnt gefeiert ginn.

Felicitatioun an d’ganz Equipe fir den Erfolleg

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü