Favoritteroll gerecht ginn

Eise Jonge vun den U17 hunn sech androcksvoll den Doublé dëst Saison geholl an hunn d’Favoritteroll bestätegt.

Am Mäerz ass an der Coque den éischten Titel verdeelt ginn. Vis-a-vis vun eis Jonge stoung den HB Esch, géint den se an der Virronn déi eenzeg Defett kruten.

No grousse Schwieregkeeten a permanentem Réckstand konnten eis Jonge mat der Schlusssirene den decisive Goal zum 33:32 Victoire schéissen an d’Coupe endlech erëm an hirer Alterskategorie an de Réiserbann huelen.

Am Championnat gouf fir d’éischt eng Virronn gespillt mat all Equippen. Eréischt dono goufen déi 12 Equippen opgedeelt a Playoff (6) a Playdown (6). Och hei war erëm den HB Esch den Haaptkonkurrent fir um den Titel ze streiden. Deï 2 Equippen hunn géint all dei aner Teams hire Matcher gewonnen an domatter missten déi 2 Matcher géint aneneen d’Decisioun bréngen.

Den Aller-Match zu Esch konnten d’Spiller vum Björn Gerber a Fränk Keiffer mat 44:31 fir sech gestalten. Dofir sollt de Retour-Match am Fong just Routine sinn. Mais d’Jonge waren esou opgereegt, hunn vill einfach Fehlere gemaach a sinn ëmmer erëm am Escher Goalkeep hänke bliwwen an dofir louchen se 10 Minutte virum Schluss mat 7 Goaler hannen.

Awer d’Spiller hunn Moral a Kampfgeescht gewisen a mat e puer Ëmstellunge vun den Traineren hunn se sech Goal um Goal zreckkämpft a konnten sech am Enn iwwer een 31:31 Gläichspill freeën.

Et war den eenzege Punktverloscht am Playoff fir eis Team (29 vun 30 Punkten). Mat engem däitleche Goalverhältnis vu 417 : 278 (+139) an 10 Matcher huet d’Equipe androcksvoll hire Favoritteroll gewisen.

Felicitatioun an d’ganz Equipe fir den Erfolleg

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü