Fir et direkt op de Punkt ze bréngen: fir hei zu Lëtzebuerg iwwert eng laang Dauer uewen kënne mat ze spillen, ass een op eng gutt an qualitativ héichwäerteg Jugendaarbecht ugewisen. Egal wéi eng Equippesportaart een sech ukuckt; déi Equipen déi ëmmer nees uewen mat bäi sinn, sinn och déi di hannert den 1. Equipen eng effizient Jugendaarbecht op d’Been gestallt hunn!

IMG_0303An et ass och iergendwéi ganz logesch, dass de Stack vun enger gudder 1. Equipe aus der eegener Jugend sollt kommen. Hei zu Lëtzebuerg ass et finanziell an organisatoresch ganz schwiereg eng „richteg“ Equipe zesummen ze stellen déi systematesch fir Titelen matspillt an dat iwwert eng laang Dauer. Esou eenzel Stréifeieren, esou wéi zu Iechternach an den ugangs 90er Joeren an kuerz dono um Standard, sinn éischter rare hei zu Lëtzebuerg an hunn och just reusséiert wëll zu deenen Amenter an deene Veräiner staark Sponsoren et méiglech gemaach hunn, eng performant Equipe zesummen ze kafen.

Geschicht vum HCB a sénger Jugend

D’Geschicht vum HCB mécht et nach emol ganz däitlech. All déi Perioden wou gutt forméiert Jugendspiller den Kär vun eiser 1. Equipe duergestallt hunn, konnt den HCB och ganz uewen fir Titelen matspillen, an wéi mir wëssen besonnesch erfollegräich an den Enn 90er an iwwert di éischt 10 Joer vum neie Joerdausend.

No e puer méi moer Joeren ass et elo un der Zäit eng Relève z’assuréieren, eng Relève déi duerch d’Eruféieren vun talentéierten Jugendspiller soll sécher gestallt ginn.

Jugendkonzept vum HCB

An deene läschte Joeren huet den HCB vill am Beräich vun der Jugend investéiert:

  • qualifizéiert Trainer encadréieren eis jonk Talenter oft an Duebelbesetzung
  • gemeinsam Formatiounen an Echangen zu den Trainingsinhalter & -konzepter
  • gudden Encadrement vun eisen Jugendequipen duerch „Responsables d’Equipe“
  • e wuessenden, außersportlechen Rahmenprogramm fir eis Jonk
  • eng breed Basis duerch en attraktivt Angebot fir eis ganz kleng Spiller/-innen (U7 an U10)
  • Dëst sinn just e puer Eckdaten zu dem aktuellen Konzept vun der Jugendaarbecht vum HCB, e Konzept wat och iwwert di kommend Joeren nach weider wäert ausgebaut ginn.

 Alles ronderëm d’Jugendaarbecht

Net vergiessen op dëser Plaz soll een awer och den Engagement vun all deene Leit, déi sech ronderëm eis Jugendequipen engagéieren an investéieren. Ganz oft sinn dëst Elteren vun eise jonke Spiller an si stellen fir der Veräin eng ganz wichteg Stäip duer. Net nëmmen iwwerhuelen si Aufgaben am Beräich vun eiser Jugend, ma och fir di vill Manifestatiounen an Aktivitéiten am Veräin kënnen mir ëmmer nees op si zielen. Dëst ass e ganz wichtegen Aspekt fir, dass e Veräin sech attraktiv an dynamesch kann presentéieren. img_6363E grousse MERCI un all di kleng a grouss Gester déi heizou hiren Bäitrag maachen. An fir all déi di Loscht eng Hand mat unzepaken – eng gutt Hëllef ass ëmmer wëllkomm!

Mir freeën eis op di kommend Joeren an wäerten weider ganz staark fir eis Jugend schaffen an op si bauen sou dass zesummen mat hinnen och nees Titelen ganz uewen  kënnen gefeiert ginn!

EVERGREEN

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü