Iwwerreechung Präisser Tombola HC Berchem

Am Samschden Owend 22. Abrëll an der Paus vum Match géint den HB Esch hunn mir eis dräi Gewënner vun eiser grousser Tombola an dëser Saison geéiert an hinnen offiziell och d’Präisser iwwerreecht.

An enger klenger Zeremonie virun eise Spectateuren huet den 3. Präis een I-Pad d’Nummer 0875 gewonnen. Den zweete Präis eng Rees fir zwee Persounen op Paräis huet d’Nummer 0125 gewonnen an den Haaptpräis eng Auto Nissan Micra huet d’Nummer 0629 gewonnen.

Mir wëllen e grousse Merci an all déi Läit ginn déi eis bei dëser Campagne ënnerstëtzt a matgemaach hunn!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte füllen Sie dieses Feld aus
Bitte gib eine gültige E-Mail-Adresse ein.

Menü